Waaaaat ee Camp!

Waat ee Camp, sou villes erliewt. An déi lescht Deeg un nach puer Scheppen Spannung, Action, Schock, an awer definitiv och Freed drop geluecht! All Situatioun hu mir gemeeschtert, mir stungen driwer an kennen soen dass een als Grupp, Team, am Beschte funktionnéiert. Zesmmen si mer duercht d’Hetzt bis op Bloemendal ukomm. Zesummen hu mir d’Hetzt gemeeschtert an och en iwerraschent Nuetsdonnerwierder ouni vill Opreegung hannert eis gelooss. Mir sin elo definitiv oofge”Hardt” giff de Sam lo soen!

Den leschten Daag virum Zuchtrajet vir Heem, hu mer an 2 Schwemmen verbruecht. Jo, 2!! A firwat? Well mer et kennen, seet de Flantes.

Déi eng oder aaner Keier as och ennert fraiem Himmel geschloof gin. Sou richteg romantesch! D’Jongen hun sech déi Destinatiounen opgeschriwen vir dann vlait eng Keier speider mat enger aanerer Begleedung dohin ze goen.

Den Roy, Victor an de Kevin hun an den schéinen Dünen hiert Engagement oofgeluecht an de Pol huet sech vir d’Wandrous bewisen! Felicitatioun un d’Jongen! Si waren/sin/waerten sin gudd Virbiller vir dei kommend Pio!

De Bilan kennt no, mee “all in all” hu mer et all excellent gemeeschtert an eis alt rem eng Keier 10 Deeg duerch Heichten an Déifte gaangen vir eis herrlech ze amüséiren!

Restday = sailingday (22.07)


Haut hunn mir mol ausgeschlof. Mettes hunn mir enkhuizen erkundet. Hanoo waren ma segelen an et waren 30knouten eis Segelboter waren 30meter lang an mir sinn mat 100km/h duerch wasser gefuer. Een grupp(charel,sam,kevin,karim) huet 4 mol hiert egent boot gekäntert well se ze krass waren. No dem segelen waren mir sou freckt dat mir keen gas kaaf hunn mee dann hunn mir einfach den grill vunn eisen noperen geholl. Mir hunn geil panecher gemaach an hanoo sinn mir schlofen gan an eis schein Zelter.

Lemmer – Enkhuizen (wou et net sou enk as wei zu Lemmer)

Alkohol kann schiedlech sin vir Gehierzellen an och vir Zeltstaangen, daat hun eis Nooperen schnell gemiekt wéi mir moies opgestaane sin an si mat aus hierem Solper erwäscht hun. Also zack op de velo, vir ee gutt an vollt Frühstück vum nächste Bäcner ze kréien. Schlussendlech kruut de Bäcker eng schlecht Rezessioun op Tripadvisor well en Sonndes zou as. Ukomm zu Stavoren, fällt eis op do gin et mei Kanäl als Stroossen a mei Yachten als Autoen. Hei haat de Supermarché awer op an et gouf Wraps vir d’Mettegstonn.

No 2 stonnen lungeren virum Supermarché, si mer 200m viru gefuer vir eng nei Vue ze hun an rem 1 Stonn ze lungeren bis d’Fähr ukomm as. De Kevin konnt et net bis owes oofwaarden vir ze duschen an huet sech bei d’Gelänner gestallt um Scheff vir kennen beim Wet T-Shirt Contest matzemaachen. Et war schnell gaang an en haat gewonnen dank dem staarken Wellengang.

HAUT KEEN VELOSBUTTIK!!!!!!!!!!! WHOOP WHOOP.

D’Ijsselmeer as e Séi a Séisswaasser hu mer och geléiert.

Eisen Henner scho ganz wond, dofir gung et awer och schnell rond. Enkhuizen as en schéint aalt Stietchen. Um Camping hu mer eis och schnell Kollege gemach a mir si scho bekannt, ahjo dem Victor seng Been si verbrannt (classic).

Dank ganz feinen Ärdbierbauren, déi eis Noopere sin um Camping, konnte mir Mautsch an engem Grill maachen an ee gemittlecht Feier genéissen-nen.

Zwartsluis – Lemmer (20.07)

Also mir sinn haut 39 kilometer am reen gefuer. Stroosen waren voll mat wasser an mir waren all naas. De Stefan, Tom an den Luc hunn een schoof gerett wat an engem zong ageklemmt war an an liewensgefahr war. Entlech um Camping ukomm an dann kruten mir eis plaatz geklaut vunn daitschen jugendlecher dei den ganzen camping mat hirer musek ennerhaal hunn. Den owend waren mir um strand, den Karim an den Kevin waren am wasser schwammen. An et war vill wannd mir sinn all baal fortgeflunn. Wei all owes hunn mir dann Loup Garou gespillt an dann sinn mir all an eis gemittlech an schein Zelter schlofen gangen.

Zeewolde – Zwartsluis….66KM

6

6km….6 auer opstoen…6 tonnen motivatioun…6 liter creme op de 4 Buschtawen…6 eeer op de Kapp….an 6 gäng pro velo.

Et war elo kloer: gouverner c’est prévoir. Poor planning produces poor performances. Ween net denkt, gett verschenkt. Mir hun d’Étape agedeelt, 3x 22km, huet de Flantes eis geflunkert…no der eischter Etape waren et der awer scho mol 25. Dei zweet haat der 24 an dei lescht war kuerz a knapp mat 17.

Dese System huet eis effektiv viru bruecht. A klenge Gruppen konnte mer eisen Tempo fueren, an no jeweils enger Etappe stung eng gréiser Paus um Spill. Ee klengen Abstecher vir den Änder am Velosbuttik war och erem dobäi, mee elo rullt all Velo wei e soll (theoretesch). Den Här huet eis awer versprach dass mer op eiser Route nach genug Velosbuttiker waerte fannen….gottseidank.

Mettegstonn konnte mer eis op e fääääint Frikadellebrotje frehen an e gutt Steck Baguette mat Grillworst.

Virun Zwartsluis stunge mer blöd do..well do war ee Floss deen eist Ufer vum Zwaartsluis’er Ufer getrennt huet..an natirlech war keng Breck do. MEEEEEEEEE sou gewitzt wei d’Hollänner sin, stung eis eng mini-Fähr prett vir riwer! Dei hu mer zesumme geholl an sin dann och zesummen um Camping beim Hafen ukomm.

Hei gett gechillt, gekacht, geduscht, geschloof an vun der Peng gestrooft an da si mer easy op vir den nächsten Trajet.

Ee klenge Message vum Roy vir mat op de Wee:

“Wanns de mam Henneschte wackels noom fueren, deet en net mei sou wéih”

“Den Daitschen kennt an eng franséich Wirtschaft a freet no engem “Lundi”. De Franzous versteet net. Do hellt den Daitschen heen mat raus a weist em um Schëllt: “ouvert, Sauf Lundi”. ”

Odijk – Zeewolde

Planännerung!!

Den “Euken” vum Camping zu Odijk/Utrecht huet eis eng mei belleg a mei flott Camp-plaaz Variant proposeiert an organiseiert zu Zeewolde um Scoutscamping amplaaz vun Harderwijk.

Mir sin also moies fortgerudert mat guddem Gewessen mee schnell hu mir gemiekt : ohne Schweiß, kein Preis. No pain, no gain. No shower, no power. Vum stenken, blenken. Vum schweessen, kreien mer beessen. Blutt as gutt. Pain is gain. Drenken helleft denken. Mam Roy am Conv(r)oy.

Dei 45km hu sech nawell gezunn, 1mol hu mer rem ee Velosbuttik besicht an no Hellef gefroot, dei mer och mat oppenen Aarem kruuten.

Mettegstonn gouf et eng gudd Haameschmier an ee Kuss op d’Stier an virun as et gaang.

Geint halwer 3 si mer zu Zeewolde um Scoutscamping geland an aaner Scoutkameroden hun eis och do empfaangen.

Vir d’Owesiessen waren den Änder, Karim an de Flantes erem 7km gefuer vir eis dann speider eng heelemal goede Noodle Carbonara te maaken.

Also mir hun noom eischten Daag geléiert, dass GEWANNEN d’moto as.

Gudd ukomm

Mir sinn gudd unkomm zu Odijk um Camping, d’Veloen sinn getest, an puer Pannen haaten mir och schons. Leiwer haut, wei muer! D’Wieder spillt bis lo och nach matt. Schued dass mir haud am Zuch soutzen, mir senn 3 mol emgeklomm, an mir haaten bessen Zeit zu Lèck, befir mir rem an den nexten Zuch geklommen senn. Mir haaten och schon gudd gekacht an zwar Räis mat Kurryzoos, mmh gudd schaarf.